Historique


E kuerze Bléck zeréck an d'Geschicht vun der Zolwer Musek

1932 zu Uerwerkuer
1932 zu Uerwerkuer

1907: Gebuertsjoer vun der Fanfare de Soleuvre. 1. Präsident ass de M. Pierre Zahles. Réischt e puer Joer méi spéit gëtt aus der Zolwer Fanfare eng Harmonie.

1910: D'Musek plënnert an hiren éischten, selwer gebaute Musekssall um Fouss vum Zolwerknapp.

1938: D'Musek hëlt un hirem 1. UGDA-Concours deel a klasséiert sech an der 3. Divisioun B.

1940-4: Opgrond vun der däitscher Besatzung setzt de Veräin seng musikalesch Aktivitéiten aus. De M. François Schlesser gëtt fir déi Period vun de Besatzungshären als Präsident vun der Musek ofgesat.

1947: D'Musek mat ronn 50 aktive Musikant*innen steigt um UGDA-Concours zu Mamer an déi 2. Divisioun B op.

1955 beim Concours zu Miersch
1955 beim Concours zu Miersch

1953: Zum 50-järege Bestoe vum Zolwer Gesangveräin ënnerstëtzt d'Musek dëse bei sengen erfollegräiche Feierlechkeeten. Déi zwee Veräiner hu säit der Grënnung vun der Musek eng exzellent Relatioun.

1957: D'Musek feiert hire 50. Anniversaire.

1962: Déi 1. Oplag vum „Zolver Mârt“ fënnt mat Erfolleg den 9. August statt an ass säitdeem net méi aus dem Duerf ewechzedenken. Schonn 3 Joer virdru gouf e Summer- an Zeltfest organiséiert.

1967: D'Musek klasséiert sech beim UGDA-Concours eng 1. Kéier an der Division Supérieure.

1970D'Musek plënnert an hiren neie an haitege Musekssall.

1973: Den 1. "Concert de Gala" fënnt statt an ass säitdeem en alljärlechen Héichpunkt am Kalenner vun der Zolwer Musek.

1974: Grënnung vun der Jugendmusek ënnert dem Impuls vum deemolegen Dirigent Jean-Pierre Braun.

Receptioun zum 75. Anniversaire 1982
Receptioun zum 75. Anniversaire 1982

1975Mam Aloyse Lanners verscheet um 6. Juni dat leschte Grënnungsmember vun der Zolwer Musek.

1982: D'Musek feiert 75 Joer Bestoen a mécht sech zu Ettelbréck um UGDA-Concours selwer e Kado mam Opstig an d'Division Excellence.

 

1997: D'Musek klasséiert sech zu Ettelbréck um UGDA-Concours an der Division Honneur.

1999: D'Musek erhält de Prix Union Grand-Duc Adolphe fir hire Projet "De Pittchen an de Wollef" zur Occasioun vum 25. Anniversaire vun der Jugendmusek.

2001: D'Musek steigt beim UGDA-Concours zu Mondorf an déi héchsten Divisioun, d'Division Nationale, op.

2002: Concert mam brittesche Solist Steven Mead.

2003: D'Musek erhält de Prix de la Culture vun der Gemeng Suessem.

2005: 2. Plaz beim internationale Concours zu Riva (Italien) a Participatioun um Telethon am Stader Conservatoire zesumme mam M. Ernie Hames.

2007: Zolwer Musek feiert hir 100 Joer. Fir déi Occasioun komponéiert den englesche Komponist Philip Sparke d'Stéck “The Legend of Celobrium”.

Telethon 2005 am Stader Conservatoire
Telethon 2005 am Stader Conservatoire