50 Joer Zolwer Jugendmusek


Sonnden, 16. Juni 2025

16:00

Artikuss, Zolwer



Den 10. November 1974 ass d’ Zolwer Jugendmusek vun e puer passionéierte Musikante gegrënnt gi fir de Nowuess an der Musek ze fërderen an deene Jonke Freed un der Musek ze vermëttelen. En halleft Joerhonnert voller Musek, Gemeinschaft an onvergiessleche Momenter – dat wëlle mir de 15. Juni 2025 mat engem spezielle Concert um 16 Auer am Artikuss zu Zolwer zesumme mat iech feieren.

 

Bei dëser Geleeënheet wëlle mir net nëmmen zeréckkucken, mee och zesumme Musek maachen. Mir invitéieren dofir all fréier Membere matzemaachen an um Concert matzespillen. Wann s du interesséiert bass de Concert matzespillen, awer keen eegent Instrument méi hues, da stellt Zolwer Musek dir gären en Instrument zur Verfügung. Alles wat s du fir dee Concert brauchs ass deng Freed un der Musek, e puer Besich an de Prouwen an d’Opreegung fir Deel vun dëser Feier ze sinn. Nom Concert ass och nach ee conviviale Moment virgesinn. Hal der dofir deen Owend nom Concert fräi. Detailer kommen zu engem spéideren Zäitpunkt no.

 

Wann s du en aktiven Deel vun dësem Concert wëlls sinn, da mell dech wgl. bis spéitstens den 28. Februar 2025 iwwert de Formulaire hei drënner un. De Proufplang gesäis du méi wäit ënnen.

 

Mir freeën eis dech erëmzegesinn an zesummen ee musikaleschen Highlight mat ville flotten Erënnerungen op d’Bün ze bréngen.


Umeldeformular

Bitte den Code eingeben:

Hinweis: Bitte die mit * gekennzeichneten Felder ausfüllen.


Prouweplang

1. Lecture Freides, 28. Mäerz 2025 18h30-19h30
1. Prouf Freides, 25. Abrëll 2025 18h30-19h30
2. Prouf Freides, 2. Mee 2025 18h30-19h30
3. Prouf Freides, 16. Mee 2025 18h30-19h30
4. Prouf Freides, 23. Mee 2025 18h30-19h30
5. Prouf Freides, 6. Juni 2025 18h30-19h30
Generalprouf Freides, 13. Juni 2025

18h30-21h

 

Prouwen fannen all Kéiers am Museksall zu Zolwer statt (2, rue du Knapp L-4465 Zolwer).
Generalprouf ass am Artikuss (3, rue Jean Anen L-4413 Zolwer).


Organisatiounscomité

Präsident Guy Theis
Memberen

Marcel Belche

Isabelle Bruschi

Laura Jungers

Alain Kugener

Tom Offermann

Laurène Schuller

Nora Turci

Claudine Wanderscheid


Inhalte von Google Maps werden aufgrund deiner aktuellen Cookie-Einstellungen nicht angezeigt. Klicke auf die Cookie-Richtlinie (Funktionell), um den Cookie-Richtlinien von Google Maps zuzustimmen und den Inhalt anzusehen. Mehr dazu erfährst du in der Google Maps Datenschutzerklärung.

Inhalte von Google Maps werden aufgrund deiner aktuellen Cookie-Einstellungen nicht angezeigt. Klicke auf die Cookie-Richtlinie (Funktionell), um den Cookie-Richtlinien von Google Maps zuzustimmen und den Inhalt anzusehen. Mehr dazu erfährst du in der Google Maps Datenschutzerklärung.