Am Vierdergrond
D'Zolwer Musek an hire Jugendensemble invitéieren iech all häerzlechst sonndes moies, de 15. Dezember
2024, op hire Wanter Concert an der
Schoul 2000.
Grouss a Kleng sinn ageluede fir e flotte Concert, op dem mir déi eng oder anerer musikalesch Geschicht wäerten erzielen.
Weider Infoe fannt dir hei.
Wat steet deemnächst un?
LU: D’Zolwer Musek ass en Orchester fir Blosmusek aus Zolwer, enger Uertschaft am Südweste vum Grand-Duché vu Lëtzebuerg, dee säit 1907 besteet.
De Veräin setzt sech zesummen aus der Harmonie de Soleuvre, eiser “grousser Musek” mat ronn 50 aktive Museker a Musekerinnen, sou wéi eiser Jugendmusek, déi aus ronn 15 Jonke besteet. Fir besonnesch Occasiounen trëtt d’Zolwer Musek och a reduzéierter Form als Strëpp op.
Fir den 100-järegen Anniversaire vun der Zolwer Musek gouf de bekannten, englesche Komponist Philip Sparke mat der Kompositioun vum Stéck “The Legend of Celobrium” beoptraagt. D’Wierk erzielt déi beweegte Geschicht vun der Buerg vum Zolwerknapp, vun der haut just nach e puer wéineg Iwwerreschter stinn.
DE: Die Harmonie de Soleuvre ist ein Orchester für Blasmusik aus Zolwer, einer Ortschaft im Südwesten des Großherzogtums Luxemburg, das seit 1907 besteht.
Der Verein setzt sich zusammen aus der Harmonie de Soleuvre, des „großen Orchesters“ mit rund 50 aktiven Musiker und Musikerinnen, sowie unseres Jugendorchesters, das derzeit etwa 15 Jugendliche umfasst. Für besondere Anlässe tritt die Harmonie de Soleuvre auch in reduzierter Form als „Strëpp“ auf.
Anlässlich des 100-jährigen Bestehens der Harmonie de Soleuvre wurde der bekannte, englische Komponist Philip Sparke mit der Komposition des Musikstücks “The Legend of Celobrium” beauftragt. Das Werk erzählt die bewegende Geschichte der Burg auf dem Zolwerknapp, von der heute nur noch ein paar wenige Überreste stehen.
FR: L'Harmonie de Soleuvre est un orchestre de musique à vent de Soleuvre, une localité située au sud-ouest du Grand-Duché de Luxembourg, qui existe depuis 1907.
L'association se compose de l'Harmonie de Soleuvre, le "grand orchestre" avec environ 50 musiciens et musiciennes actifs, ainsi que de notre orchestre de jeunes qui compte actuellement une quinzaine de jeunes. Pour des occasions particulières, l'Harmonie de Soleuvre se produit également sous une forme réduite en tant que "Strëpp".
A l'occasion du centenaire de l'Harmonie de Soleuvre, le célèbre compositeur anglais Philip Sparke a été chargé de composer la pièce musicale "The Legend of Celobrium". L'œuvre raconte l'histoire émouvante du château du Zolwerknapp, dont il ne reste aujourd'hui que quelques vestiges.
An der Aktualitéit
SAVE THE DATE: 50 Joer Jugendmusek
D'Zolwer Jugendmusek gëtt 50! Wann dat net emol e Grond ass fir ze feieren!
D'Jugendmusek luet iech dofir all häerzlechst an zesumme mat hir op dëse ronne Gebuertsdag unzestoussen, sonndes nomëttes, de 15. Juni
2025, am Artikuss zu Zolwer.
Weider Infoe komme geschwënn no.
Freides de 25. Oktober 2024 huet d'Zolwer Musek zesumme mat der Unisson Orchestra Aubange-Halanzy hire Faarweconcert zu
Zolwer am Artikuss gespillt. Passend fir den Hierscht an d'Kürbiszäit stoung dëst Joer alles ganz an Orange!
Déi super Fotoen, déi den Ant Deister vum Concert gemaach hutt, fannt dir hei (Deel 1) an hei (Deel 2).
… un all eis Visiteuren a Visiteusen, un déi 139 Aussteller*innen, un d’Museker*innen, un d’Gemeng Suessem an natierlech un all eis Benevollen an dat schéint Wieder!
Dir hutt alles getoppt wat mir bis elo haten! Mär freeën eis op 2025!
Dënschdes, den 30. Abrëll 2024, huet d'Zolwer Musek hire Galaconcert ënnert dem Titel "...and all that Jazz!" am Artikuss gespillt. Ënnert der Leedung vun hirem
Dirigent, dem Claude Origer, huet d'Musek dem gutt gefëllte Sall e villfältege Programm gebueden a gewisen, wéi ofwiesslungsräich Jazz ka sinn. Ee vun den Héichpunkten ware sécherlech déi 2
Stécker, déi mir zesumme mat der Solistin a Pianistin Lynn Orazi dierfte spillen.
D'Fotoe vum Concert fannt dir an der Fotogalerie (passwuertgeschützt).
Grouss Nouvelle fir den Zolwer Moart 2024: Public Viewing vun der Fussball-EM Finall.
Jo, dir hutt richteg gelies! Ab 20h gëtt d'Finall vun der Fussball-EM vun de Männer live um Zolwer Moart iwwerdroen. Dofir kommt bis laanscht a genéisst dësen Héichpunkt vum Fussballsummer 2024 zesumme mat eis a flotter Gesellschaft. A fir datt et iech wärenddeems un näischt feelt, ass natierlech fir Iessen a Gedrénks sur Place gesuergt.
Vum 11. bis de 14. Abrëll 2024 huet d'Zolwer Musek en Trip op Lyon an op Chauffailles, d'Partnerstad vun der Gemeng Suessem, ënnerholl.
Nieft engem Strëppe-Concert zu Lyon mat eise Frënn vu Marcel Frontale a vun Orkestar Gabriella esou wéi engem Concert-apéritif zu Chauffailles, haten eis Musikant*innen och genuch Zäit fir eng jett touristesch a gastronomesch Héichpunkten an der Stad vum Saone-Rhone-Zesummefloss ze erliewen. An dat bei beschtem Wieder!